Däin perséinleche Fitness Trainer zu Lëtzebuerg
Mäin Trainingskonzept, wou Ausdauer, Kraaft a Mobilitéit mateneen kombinéiert gin, wäert och dech zu dengem perséinlechen Zil féieren.

Wëllkomm bei DS Personal Fitness & Nutrition
D’Erreeche vun dengem perséinleche Ziel steet un éischter Plaz! Egal ob’s de Gewiicht verléiere wëlls, Muskelen opbaue wëlls oder einfach eng gesond Liewensweis ustriefs – ech hëllefen der, deng Ziler z’erreechen.

Ofhuelen
Fit ginn – gesond ofhuelen mat engem Plang: Ofhuele muss kee Kampf sinn! Mat engem perséinlech ofgestëmmten Trainings- a Liewensmëttelplang erreechs de deng Ziler effizient a laangfristeg – ganz ouni Honger oder Jojo-Effekt. Als Personal Trainer begleeden ech dech op dengem Wee zu engem fitteren, gesënderen Ich. Zesumme entwéckele mir eng Strategie, déi an däin Alldag passt a wierklech hält.

Muskelopbau
Muskelopbau – staark, definéiert, selwerbewosst: Wëlls de méi Kraaft, definéiert Muskelen a e bessert Kierpergefill? Mat gezielten Kraaftübungen, engem passenden Trainingsplang an enger equilibréierter Ernierung bréngs de däi Kierper an Topform. Als Personal Trainer hëllefen ech der, effizient Muskelen opzebauen – mat individuellen Übungen, déi zu dengen Ziler an däin Alldag passen. Start elo a fënn eraus, wat an dir stécht!

Verbessert Ausdauer
Ausdauer steigeren – méi Energie fir däin Alldag: Eng gutt Ausdauer ass d’Basis fir Fitness, Gesondheet a Wuelbefannen. Egal ob s de méi liicht duerch d’Liewen wëlls goen, däin Häerz-Kreeslaf-System stäerke oder dech op en sportlecht Zil virbereede wëlls – mat engem Training, dee fir dech gemaach ass, erreechs de deng Ziler Schrëtt fir Schrëtt. Als Personal Trainer begleeden ech dech dobäi, deng Konditioun op eng effektiv a laangfristeg Aart ze verbesseren.

Méi Leeschtung
D’Bescht aus dir eraushuelen: Wëlls de méi leeschten – am Sport, op der Aarbecht oder am Alldag? Mat engem gezielten Training fir Kierper a Geescht erhéije mir deng Leeschtungsfäegkeet. Méi Energie, besser Konzentratioun oder méi séier Regeneratioun – mat engem personaliséierte Plang klammen s de op déi nächst Stuf. Als Personal Trainer ënnerstëtzen ech dech dobäi, däi vollet Potenzial auszeschëpfen.

E gutt Kierpergefill
Am Gläichgewiicht mat dir selwer: E gutt Kierpergefill geet wäit iwwer d’Fitness eraus – et bedeit, sech wuel, ausgeglach a selwerbewosst am eegene Kierper ze fillen. Mat gezieltem Training, bewosster Beweegung a perséinlecher Begleedung hëllefen ech der, däi Kierper besser ze spieren an e neit Kierperbewosstsinn ze entwéckelen. Spier, wat der gutt deet, stäerk däi Selbstvertrauen a fënn deng Balance erëm.

Erhéicht Mobilitéit
Beweeglech, ouni Péng, fräi: Eng gutt Mobilitéit ass d’Grondlag fir eng gesond Haltung, fléissend Beweegungen an en aktiivt Liewen ouni Aschränkungen. Mat gezielten Übungen verbessere mir deng Gelenkbeweglechkeet, léisen Verspaanungen a verhënnere Péng. Als Personal Trainer hëllefen ech der, méi beweeglech ze ginn an dech erëm fräi a liicht ze fillen – am Training wéi am Alldag.


Deng perséinlech Fitness-Rees fänkt hei un
Egal wou Dir elo sidd, ech hëllefen Iech Äert Zil z’erreechen.
- Du hues nach ni richteg Sport gemaach oder weess net, wéi en effektiven Ganzkierpertraining ausgesi soll?
- Du brauchs eng perséinlech Begleedung an en individuellen Trainings- a Ernärungsplang?
- Du haas en Accident oder enger Operatioun?
- Du bass scho fortgeschratt an sichs no engem neien Trainingsreiz?
- Du sichs en offiziellen Hyrox Trainer a Performance Coach?

Perséinleche Fitnesstraining ass fir jiddereen gëeegent
Onofhängeg vum Alter
Fitnesstraining fir all Alter an all Niveau. Ech trainéieren zënter Joeren eng grouss Diversitéit u Leit – vu Senioren bis hin zu Leeschtungssportler. Meng jéngste Clients si Puppelcher am Waasser, a mäin eelste Client gëtt der dëst Joer 90.
Ech ginn op all eenzel Persoun individuell an, fir si beschtméiglech bei hirem Ziel ze ënnerstëtzen.
Héich individuell
An der éischter Sessioun analyséiere mir zesumme deng Fitness, deng Ziler an deng Wënsch. Duerno entwéckele mir e Plang an da geet et lass!
Sou ennerscheedlech wéi meng Clients sin, esou ass och hieren Training. Eis Trainingszäit wei och t´Plaz vum Training kennen mir permanent zesummen upassen.
Trainingszil
Egal wéi fit’s de bass oder wéi héich deng Ambitiounen sinn – deng Ziler ginn zu mengen. Mäi Konzept gesäit dech a deng Ziler als Ganzt un.
Trainingserfolleg
Konsequenz a Gedold beim Training sinn de Schlëssel fir Är sportlech Ziler z’erreechen! Ech schaffen zesumme mat Iech fir Routinen ze kreéieren an ënnerstëtzen Iech dobäi, Iech op Äert Zil ze konzentréieren an op der Streck ze bleiwen.
Effektivt Trainingskonzept
Virdeel 01
Trainéier wou a wéini’s de wëlls
Egal ob doheem, am Park, am Stadion oder bei mir am Muselgym – ech kommen dohinner wou’s de mech brauchs! Trainingsplaz an Zäit mache mir zesummen of oder plange se flexibel vu Woch zu Woch.
Virdeel 02
Training op t´Moos
Du kriss en Trainingsplang, deen op deng Ziler, Fäegkeeten a Besoinen zougeschnidde gëtt. Egal ob ofhuelen, Muskelopbau oder Ausdauer verbesseren – ech begleeden dech op dengem Wee.
Virdeel 03
Motivatioun a Begleedung
Et ass net ëmmer einfach, sech eleng ze motivéieren. A genau do kommen ech an d’Spill: Als Personal Trainer motivéieren ech dech och un deenen Deeg, wou’s de kee Loscht hues. Ech hëllefen der drun ze bleiwen a weiderzemaachen.
Virdeel 04
Korrekt Ausféierung
Ech weisen der, wéi d’Übungen korrekt gemaach ginn – fir Verletzungen ze vermeiden an d’Effizienz vum Training ze maximéieren. Ech begleeden dech duerch all Übung a verbesseren zesumme mat dir deng Technik.
Virdeel 05
Laangfristege Succès
Mat mir op denger Säit hues de vill méi Chancen op laangfristeg Erfolleger. Ech hëllefen der net just deng kuerzfristeg Ziler z’erreechen, mee och eng gesond Liewensgewunnecht z’entwéckelen, déi dech nach laang begleet.
D’Erfollegs-Methode

01 | Ausdauertraining
Bei kierperlecher Belaaschtung schläit d’Häerz méi séier a pompelt méi Blutt duerch de Kierper – sou gëtt den Häerzmuskel trainéiert. En Ausdauertraining huet d’Zil, deng Konditioun ze verbesseren an de Kierper dorobber virzebereeden, iwwer eng méi laang Zäit Leeschtung ze bréngen. Den Training verbessert net nëmmen deng Fitness, mee stäerkt gläichzäiteg och dat ganz Häerz-Kreeslaf-System.

02 | Kraaft
Kraafttraining bedeit gezielten Training fir kierperlech Verännerungen z’erreechen – wéi zum Beispill méi Muskelmass oder méi Kraaft opzebauen. Kraafttraining spillt eng wichteg Roll am funktionelle Bodybuilding, a Kraaftsportarten, mee och an der medezinescher Rehabilitatioun. Ech weisen der, wéi’s de deng Kraaft zukunftsorientéiert opbaue kanns.

03 | Mobilitéit
Beweglechkeetstraining ass e wichtegen Deel vun der allgemenger Gesondheet a Fitness.
Duerch gezielt Übungen erhéiche mir d’Beweeglechkeet vun den Gelenker an dehnen d’Muskulatur.
Regelméissegt Beweeglechkeetstraining – wéi z. B. Yoga, Pilates oder Stretching – hëlleft, Verletzungen virzebeugen an d’Leeschtung ze verbesseren.

Mäin Numm ass David Steffes. Ech sinn 1984 als Sportler gebuer ginn.
Meng Elteren waren erfollegräich Courseleefer, doduerch hat ech dat sportlecht Talent scho mat an d’Wéih geluecht kritt. Ech hu meng éischt sportlech Erfarunge ganz fréi am Schwammveräin gesammelt an hunn mat 9 Joer mat menger Fussballcarrière ugefaangen. Zwëschenzäitlech war ech och als Triathlet aktiv, bis ech mat 15 Joer mäin Fokus komplett op d’Lafen geluecht hunn.
2001, wärend mengem Austauschjoer an den USA zu Colorado, koum ech fir d’éischt mat Kraafttraining a Kontakt – a säitdeem si ech en Hybridathlet. Ech hu ganz séier verstanen, wéi wichteg d’Kombinatioun vu Kraaft-, Ausdauer- a Mobilitéitstraining ass – an dat begleed mech bis haut.
Och wann ech an der Zweschenzäit nach eng Kéier Fussball gespillt hunn, loungen meng Laafschong ëmmer prett an hun permanent an engem Gym traineiert. Haut sinn ech en ambitionéierten Hyrox-Athlet a Performance Coach.
2018 hunn ech mech als Personal Fitness Trainer an Ernärungsberoder selbststänneg gemaach – mam Zil, d’Leit do ze trainéieren, wou se mech brauchen.
Mäi “Rolling Gym” war dat éischt mobilt Fitnessstudio an Europa. 7 Joer méi spéit hunn ech mäin éischten eegenen Gym op enger fixer Plaz mat Stolz opgemaach – an et sollen der nach dobäi kommen. De Muselgym ass t´Resultat vun menger langjähreger Erfahrung a Passioun.
Wierder vun mengen kléngen a groussen Clients:
Der mobile Personal – und Fitnesstrainer David Steffes hat mir durch seine gezielten und effektiven Übungen eine nicht geglaubte Fitness für mein recht hohes Alter gegeben.
Seine Übungen sind gezielt, abwechslungsreich, unkompliziert und trotzdem konstruktiv. Ich habe eine viel größere Beweglichkeit gewonnen und dabei noch Gewicht verloren. Dazu kommt, das meine Ausdauer sich stark verbessert hat.
Es macht ungeheuren Spaß, ihn bei seinen lockeren und spaßigen Korrekturen zu erleben.
Erwin Esly (82)
I have been training with David “a domicile” since 2019. The routine has always been adapted to my level of fitness and varied from time to time.
I have found the training very helpful in encouraging me to maintain a reasonable level of fitness for my age (70 years). David has always been flexible in facilitating my travel schedule. An excellent professional!
Michael (70)
David hat mich über mehrere Wochen gecoacht und ich kann ihn nur als außergewöhnlichen Fitnesscoach weiterempfehlen.
Ich bin 14 Jahre alt und spiele Fussball. Ich hatte das Vergnügen über 5 Wochen mit ihm Outdoor zu trainieren, und kann mit Überzeugung sagen, dass David durchweg beeindruckende Ergebnisse erzielt hat. Besonders in den Bereichen der Schnellkraft, der Koordination, der Explosivität und der Technik habe ich mich in diesem Zeitraum merklich verbessert.
David hat die Fähigkeit, individuelle Bedürfnisse und Ziele zu erkennen und darauf abgestimmte Trainingspläne zu erstellen.
Ben (14)
Dank Davids Coaching hab ich gelernt, meinen Fähigkeiten zu vertrauen und bis an meine Grenzen zu gehen (da, wo sie wirklich sind) und sie auch noch weiter hinausgeschoben.
Wodurch eine ganze Menge an persönlichen Bestleistungen zustande gekommen sind.”
Sigrid

Präisser a Packagen
Trainingspaket 1:1
ab
999 €
Personal Training - individuell, flexibel a komplett op dech zougeschnidden
TVA inclus
Weider Package Optiounen
- 10 Séancen: 999 € (99,90 €/Stonn)
- 50 Séancen: 4444 € (88,88 €/Stonn)
- 75 Séancen: 5999 € (79,98 €/Stonn)
- 100 Séancen: 7444 € (74,44 €/Stonn)
Weider Package Optiounen
- Fir 2 Persounen: 888 € (88,88 €/Stonn)
- Fir 3 Persounen: 777 € (77,77 €/Stonn)
- Fir 4 Persounen: 666 € (66,66 €/Stonn)
- Fir 5 Persounen: 555 € (55,55 €/Stonn)